
Iwwert mech
Hakuna Matata - Oft läit d'Léisung sou no...
Et ass net einfach en Hondstrainer ze fannen, dee wierklech bei ee passt an deen dann och nach Zäit huet. Dofir hunn ech virun enger Zäit ugefaange selwer den Hondstrainerschäin ze maachen. Schnell war kloer, dass ech net nëmme 'Sitz, Platz, Fuß' - Training hale wëll, mee dass ech Mënsche hëllefe wëll, déi wierklech Problemer mat hirem Hond hun. Hënn déi schonn emol gebass hunn oder Leit déi sech net méi mat hirem Hond op d'Strooss trauen, well si mat hirem Hond iwwerfuerdert sinn.
Oft kënnen och déi op den éischte Bléck gréisste Problemer ganz einfach geléist ginn. Heibäi léiert ee ganz vill iwwert säin Hond, mee virun alem och iwwert sech selwer.
Zu menger Persoun:
Ech sinn un sech geléierten Educateur a schaffen och hallefdaags an deem Beruff. Ech si bestuet an si Papp vun engem klenge Jong.
Säit bal 5 Joer schaffen ech elo selbstänneg, wou ech meng zwou grouss Passiounen zesummebréngen: d'Natur an den Hond. Béides huet mäin Liewen immens staark gepräägt. Et ass immens flott, Mënsche mat dësem Virus unzestiechen.
Meng Hondstrainer-Ausbildung hunn ech zu Saarbrécken bei 'Mein Partner Hund' gemaach. De Grond firwat ech genee dës Ausbildung ausgewielt hunn, war well si den Hond als Individuum gesinn d.h. sech dem Hond upassen an net probéieren all Mënsch vun enger bestëmmter Method ze iwwerzeegen. Gewalttäteg an déiereschutzrelevant Trainingsmethoden sinn natierlech net toleréiert.
Ech hunn en Diplom als Hondstrainer mat Spezialisatioun als Verhalenstherapeut fir Hënn. All déi néideg Unerkennungen zu Lëtzebuerg kënne virgeluecht ginn.
Nieft der Ausbildung hunn ech awer och eng grouss Unzuel un Weiderbildunge matgemaach. Ervirzesträichen ass do d'Ausbildung 'Aggressioun bei Hënn' bei der Hunde-Akademie Perdita Lübbe. Si gi villen Hënn eng zweet Chance mat hirem Projet 'Start ins Neue Leben'. Weider Formatiounen hunn ech ënnert anerem gemaach beim Ines Kiwelitz, beim Samy El Ayachi, beim Thomas Baumann, Udo Gansloßer, Armin Schweda,...
Mee éierlech, am meeschte geléiert hu mech d'Hënn selwer, deenen ech an de leschte Jore begéint sinn. Ech sinn hinnen immens dankbar, dass si, sou verschidde wéi se sinn, sou en éierlechen an direkte Feedback ginn. An deem Sënn hoffen ech, dass ech och weiderhin nach laang d'Méiglechkeet hunn, benevol a verschiddenen Déierenasyler kënnen ze hëllefen. Et ass eng Häerzensaufgab.
