PrÄventiounAn DER SCHOUL

Wann ech mat mengem Hond spadséiere ginn, erliewen ech bei de Kanner ganz verschidde Reaktiounen. Dat geet vun "Deen ass awer süß, dierf ech deen heemelen?" bis hin zu fortlafen oder sech verstoppen. Mee och bei den Erwuessenen, erliewen ech oft ‘inadequat’ Reaktiounen an dat egal op si selwer en Hond dobäi hunn oder net.

 

Hënn wëssen am Prinzip ganz gutt wat si wëllen a wat net ; an dat kommunizéieren si och meeschtens ganz däitlech. Mir versti just net ëmmer wat si ons soe wëllen. Falsch Interpretatioune kënnen deemno geféierlech sinn.

 

​Dëse Workshop vun +/- 2 Stonne gëtt de Kanner genee wéi den Erwuessenen en Abléck an d’Kommunikatioun vum Hond. Mir stellen zesumme Reegelen op am Ëmgang mam Hond. Dat hëlleft Ängschten ofbauen a Risiken ze miniméieren. Dat ganzt leeft ganz lieweg a praxisno of.

 

Fir wien ass de Workshop geduecht ?

De Programm ass haaptsächlech fir Schoulklassen ab Cycle 3.1. geduecht, kann awer altersgerecht un all anere Grupp vu Kanner, Jonken an souguer Erwuessener adaptéiert ginn.

Sidd dir un dësem Workshop interesséiert, dann mellt ierch einfach per Mail op  info(at)otium.lu.